De 15. Februar wor et sou wäit. Aacht Koler Bouwen, ënnert der Initiativ vum Jules Barnig koumen zesummen fir ee Jugend-Club ze grënnen. Ee Präsident, ee Keessier an ee Sekretär waren séier fonnt, mee fir ee Numm fir de Club ze fannen, huet nach bis de 26. Februar gedauert. "Club des Jeunes Koler" hun se e genannt, an de Mindestalter fir an de Club gouf op 13 Joër festgeluecht. Statuten fir dee neie Verain goufen beim Garnecher Noper geklaut a mat e puer klengen Verännerungen ugeholl. Och gouf nach décidéiert fir Meedecher an de Club opzehuelen. Vun Ufank un gouf et sech gutt goe geloos, Filmvirféierungen, Gesellschaftsspiller an Iessen a Gedrénks stungen um Programm vum Gebuertsjoer.

Dei eelsten Foto vum Club, weist eis Memberen gutgelaunt bei der Sortie aus der Brauerei