
Den 15. Februar 1972 gouf de Grondsteen vum Club des Jeunes Koler geluet. Säit dësem Zäitpunkt huet de Club des Jeunes vill Héichpunkten an och puer Déifpunkten erliewt mee trotzdeem huet den Club des Jeunes et ëmmer faerdeg bruecht seng Memberen ze ennerhaalen, waat sech domat beweisen leist dass am Duerchschnëtt emmer 25 Memberen am Club aktif waren.
Den Club des Jeunes huet als Haaptziel, d'Jugend beieneen ze brengen wou den Spaas am Mettelpunkt steet. Enner aanerem organiséiert den Club des Jeunes Vakanzen vir seng Memberen oder kleng Daagesausflich. Fir dest ze réaliseieren, organiséiert den Club des Jeunes all Joër eng Réi Fester wou als Highlight sëcherlech daat traditonellt Béier-,an Duerffest zielt. Dess Fester hun ebenfalls als Ziel den Leit aus dem Duerf an aus den Noopeschdierfer eng Réi Geleegenheeten ze bidden, beieneen ze kommen an e puer schéin Stonnen mateneen ze verbrëngen.
Mat desen Zieler am Aan gett den Club des Jeunes sech déi grouss Méi och an Zukunft weider ze bestoen an fir Freed an Spaas ze Suergen.
Fir den Comité, Fetler Ben
Comité 2012:
Präsident: /
Sekretär: Ben Fetler
Keesier: Tatiana Ridolfi
Bäisëtzender: Marc Barnig, Manu Bourg, Luc Huberty, Bob Jemming, Pol Jemming, Rick Kayl, Renée Knuppertz