Koler-Leit Startsait
Banner
Drucken

Häerzlech Wëllkomm bei de Koler Pompjeeën

 

 

 


 

 


 

 


Zenter 1914 huet Koler e Pompjeescorps am Duerf. Ausléiser fir d’Grënnung wor wahrscheinlech wéi och bei de Noperën e Groussbrand, mee méi Geneeës geet aus eisem Archiv net erfir. Éischte Kommandant vu Koler wor een bei eis am Duerf stationnéierten däitschen „Grenzaufseher“, deen emol fir d’éischt der jonker Trupp déi néideg Disziplin bäibruecht huet. Während all de Joerën stung de Corps ëmmer erëm bei groussen a klengen Asätz säi Mann, an huet esou säi Wee bis an daat neit Joerdausend fond.

An all de Joerën haat de Koler Corps ëmmer ëm déi 25 Mann (zenter 1999 och Fraën) a senge Reihen, waat ëmmerhin méi wéi 10% vun der Zuel vun den Awunner ausmecht. Vun eisen 20 aktiven Memberën hun der 19 den Grondléiergang, 8 den Otemschutzléiergang, 9 de BT1, 5 de BT2, 1 den BT3, 5 de Sauvetagecour, 1 de Prévisiouns- an 1 den Préventiounscour (Stand 12.2009) mat Erfolleg ofgeschloss.

Formatioun ass an den heidegën Zäiten ën néidegen, mee nervegën an zäitopwendegën Muss, wou awer bei eis probéiert gett den gëllenen Mettelwee ze fannen, fir esou de Geforen deenen een begéinen kann gewues ze sin. Bei eisen Übungen, déi an der Regel Sonndesmoies ofgehaale gin, versiche mär mat engem Mix un Théorie a Praxis ëmmer um neitste Stand ze sin.

Eis Asätz féire mär an der Regel zesumme mam Pompjeescorps vu Garnech aus, wou mär och zesummen en neien LF8/8 notzen, deen ze Garnech stationnéiert as. Op régionaler Basis schaffen mär haaptsächlech mam Corps vu Stengefort zesummen, wou mär och ëmmer frou sin, bei groussen Asätz op hir Hëllef zielen ze kennen.

Viru kurzem hu mär op eiser Gemeng gefrot, fir datt eise Pompjeesbau, deen zenter 1957 keng nennenswärt Renovatioun kritt huet, ging der Zäit ugepasst gin, an dowéinst hun mir en deelweisen Neibau proposéiert. Mol kucken waat d’Zoukunft eis hei brengt.

A Punkto Material hu mär een 1987 vun der Gemeng nei ugeschaaften Ford Transit TSF mat enger neier Ziegler TS 16/8, souwéi en Ex-Police Ford Sierra. Desweiderën hu mär e gutt geluedenen Unhänger deen eis och vill Dingschter leescht.

Mär si frou Ärch hei op eisem Site kennen ze begréissen, a wëllen Ärch hei e klengen Ableck an eise Corps gin. Eis Memberën fannen och hei déi néideg Ënnerlagen iwer all Informatiounen an Théorie, déi fir eise Corps wichteg sin.